S-Team

Staark, Solidaresch, Sozial

Staark, Solidaresch, Sozial.

Sou probéiert eist S-Team, d'Zesummeliewen innerhalb der Maison Relais, awer och ausserhalb ze verbesseren.

Präventioun & Zivilcourage

Mat Ënnerstëtzung vun eiser pedagogescher Equipe, sollen d'Kanner befäegt gi, selwer Verantwortung bei der Präventioun vun Gewalt ze iwwerhuelen.

Fir dëst ze erméiglechen, sollen d'Kanner ganz ënnerschiddlech Outilen kennen leieren, an sech méi intensiv mat der Thematik beschäftegen.

Dëst geschitt wärend eisen Treffen, bei deenen si engersäits ob eng méi spilleresch Aart an Weis mam Thema konfrontéiert gi, anerersäits awer och bei Aktivitéiten, déi deelweis méi theoretesch ausfalen kennen.

Unerkennung & Nohaltegkeet

D'Unerkennung vun soueregem Engagement ass natierlech ganz wichteg.

Sou kréien d'Kanner, déi sech een Minimum vun 16 Stonnen beim S-Team investéiert hunn, een national unerkannten Diplom.

Dësen gëtt bei engem offiziellen Event vum Minister Claude Meisch un d'Kanner iwwerreecht.

Fir weider Informatiounen kennt dir Iech gären den offiziellen Site vum S-Team ukucken:

https://s-team.lu/